Eng Win-Win-Situatioun fir all déi Bedeelegt, kéint ee mengen. Ma bei der Horesca huet een awer Bedenken, wat d’Fairness par Rapport zu der Konkurrenz ugeet, erkläert de Generalsekretär Steve Martellini.
“Fir eis ass et e bëssen en zweeschneidegt Schwäert. Op där enger Säit ass et eng deloyal Konkurrenz fir déi Betriber, déi wierklech selwer op de Bee musse stoen. Op der anerer Säit stelle mir awer och fest, dass et eng Chance ass fir ganz jonk Leit, fir Fouss ze faassen an der Branche oder vläicht, fir déi éischt Jore besser iwwer d’Ronnen ze kommen.”
Vue dass ëmmer méi Gemengen dës Initiativ géifen ergräifen, beréit d’Horesca se mëttlerweil dozou. Virun allem wier et der Federatioun dobäi wichteg, dass d’Loyeren no den éischte puer Joer sou wäit et geet un de reelle Marchés-Präis géifen ugepasst ginn.

D’Argument vun der deloyaler Konkurrenz loossen den Eric Wagner a Gilles Kayser net gëllen. Si sinn d’Exploitante vun engem Restaurant zu Mamer, deen am September seng Dieren opgemaach huet – e Gemengeprojet. “Mir bidde jo lo näischt un, wat een aneren net ka maachen”, erkläert de Gilles Kayser, “mir maachen eng fair Kichen, een anstännege Service, dat ass lo net eng direkt Konkurrenz.” Hir Präisser wieren un d’Noperschaft ugepasst a fair géigeniwwer vun de Leit vu Mamer. “Mir sinn net méi fein, well mir manner Loyer bezuelen”, esou de Gilles Kayser weider.
Dass d’Gemeng Mamer sech bei der Ausschreiwung fir hiert Konzept fir de Restaurant entscheet huet, läit wuel och dorun, dass déi dräi Associéen keng Ufänger sinn. De Gilles huet als Salarié ee Restaurant geréiert, den David Goergen ass geléierte Kach an hat mam Eric een eegene Restaurant – och als Locataire bei enger Gemeng. De Critère Erfarung erfëllen déi Dräi also. Ma heiansdo géifen d’Gemengen ee Schrëtt weider goen a bei esou Ausschreiwungen grouss Gruppen aus der Gastronomie-Branche bevirdeelegen. “Déi Leit wëssen 100%, wat se maachen, déi hu jorelaang Erfarung an déi bréngen eng ganz aner finanziell Situatioun mat”, esou de Gilles, dee selwer an engem grousse Grupp geschafft huet. Hie wier frou, dass d’Gemeng hinnen als Jonken awer eng Chance ginn hätt.

Mat enger Gemeng als Proprietär zesummen ze schaffen, huet fir d’Gastronome virun allem finanziell Virdeeler. Et bitt eng Sécherheet, déi si net hätten, wa si de Betrib selwer misste stemmen, erzielen d’Manon an den Doriano Buscemi. D’Koppel, déi méi wéi 10 Joer Erfarung an der Gastronomie matbréngt, huet zanter August 2024 ee Restaurant zu Viichten - do, wou fréier de bekannte “Café Différence” war. “Ech mengen net, dass eng Bank mat gaange wier, wa mir privat ee Restaurant hätte wéilten opmaachen”, seet den Doriano Buscemi.
Der Gemeng wier e gutt Präis-Leeschtungs-Verhältnis wichteg gewiescht. Den Doriano an d’Manon kréien e gudde Loyer, dofir sollt awer zum Beispill de Menu du Jour ee bestëmmte Präis net iwwerschreiden. No bal annerhallwem Joer zu Viichten zitt d’Koppel op alle Fall ee positive Bilan, wat d’Zesummenaarbecht mat der Gemeng ugeet.