
An engem Video, deen an de sozialen Netzwierker gedeelt gëtt, ass ze gesinn, wéi de Macron e Samschdeg am Vestiaire vun der Rugby-Ekipp, zesumme mat de Spiller eng Fläsch Béier ouni ofzesetzen eidel mécht.
Kritik heifir gouf et ënnert anerem vun der Cheffin vun de franséische Grénge Sandrine Rousseau, déi de Geste als “Symbol toxescher Männlechkeet vun der politescher Féierung” bezeechent huet. Och gouf et Spott fir dem Macron seng Aktioun, beispillsweis vun der sozialistescher Senateurin Laurence Rossignol, déi op Twitter geschriwwen huet: “E Béier op Ex? Wat wëll hie sech da beweisen?”.
Déi lénksgeriicht Zeitung “Libération” huet an dësem Kontext op dem Macron seng fréier Aussoen zum Thema “Binge-Drénke” verwisen. 2018 hat hien nämlech jonk Leit kritiséiert, “déi sech sou séier wéi méiglech mat Béier an Héichprozentegem bedrénken”.