SüdafrikaEn Haus zu Cape Town gëtt zur Chrëschtdagsattraktioun

RTL mat Reuters
En Haus zu Cape Town a Südafrika ass iwwert déi lescht Deeg zu enger festlecher Attraktioun ginn. Mat Dausende Chrëschtdagsliichtercher zitt et Visiteuren a de faarwege Gaart, vu wou aus och den dekoréierten Daach gutt ze bestaunen ass.
Chrëschtdag a Südafrika
Zu Cape Town d’Warscheinlechkeet vu Schnéi zwar geréng, ma d’Chrëshctdagsluuchte blénken trotzdeem.

D’Haischen zu Brackenfell, eng 30 Kilometer ausserhalb vu Cape Town, ass mat LED-Sträifen, beliichte Figuren an engem iwwerdimensionéierte Chrëschtbeemchen dekoréiert. Vun der Strooss aus si Schëlder mat der Opschrëft “Merry Christmas” a “Cape Town” ze gesinn. Visiteure kënnen duerch d’Dekoratiounen trëppelen, Fotoe maachen an natierlech och der Chrëschtdagsmusek nolauschteren, déi spillt. Bei Kanner si virun allem d’Krëppchen an d’Figure vum Kleeschen a Schnéimännercher besonnesch beléift.

De Rick van der Galien, deem d’Haus gehéiert, sot d’Traditioun, säin Haus fir Chrëschtdeeg ze dekoréieren, hätt kleng ugefaangen a wier ëmmer méi grouss ginn. Elo wier et den Highlight vun der Saison: “D’Kanner lafe ronderëm, si sinn extreem frou dermat. All Mënsch wëll just Fotoen dovunner maachen.”

D’Luuchte sinn all Owend vun 20 bis 22 Auer un, dat bis den 30. Dezember. Et kascht keng Entrée, ma et gi kleng Donen un Iessen, Decken an Déierefudder fir lokal Asble gesammelt.

Back to Top
CIM LOGO