Dës Woch zéie mir duerch d'Guttland am Häerz vum Grand-Duché. Wäitleefeg Felder, Bëschlandschaften an al Bauerenhäff - hei ass déi pastoral Vergaangenheet vum Land nach omnipresent. Nieft dem Dall vun de siwe Schlässer iwwerzeegen den Zentrum an de Weste vum Land och duerch hir sëllege Vëlosweeër. Ee vun deenen ass zum Beispill den Atert-Vëloswee, deen op enger fréierer Zuchlinn laanscht déi belsch Grenz verleeft. Bei de Guttland-Trails kommen dann och Wanderer ganz op hir Käschten.
Ee weideren Highlight ass d'Schlass Aansebuerg mat sengen impressionanten Gäert an d'Buerg zu Useldeng, déi uewen iwwert der Uertschaft trount. Mir waren awer ënner anerem och zu Hesper a Biissen ënnerwee an hunn d'Guttland-Uertschafte vun hire schéinste Säiten agefaangen.
De Fotograf Domingos Oliveira war fir RTL am Guttland ënnerwee an huet déi schéinsten Ausbléck a Gebaier festgehalen. All Dag fannt Dir hei eng Galerie vun enger neier Plaz.
Bartreng
En Tour duerch d'Land a fënnef Regiounen: Bartreng (18.08.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Biissen
En Tour duerch d'Land a fënnef Regiounen: Biissen (19.08.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Hesper
En Tour duerch d'Land a fënnef Regiounen: Hesper (20.08.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Jonglënster
En Tour duerch d'Land a fënnef Regiounen: Jonglënster (21.08.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Miersch
En Tour duerch d'Land a fënnef Regiounen: Miersch (22.08.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Useldeng
En Tour duerch d'Land a fënnef Regiounen: Useldeng (23.08.26)