
Nodeems am Abrëll bekannt gouf, dass d’Fisselsbréck, déi hannert der Dikrecher Gemeng iwwert d’Sauer an de Quartier Sauerwiss féiert, aus Sécherheetsgrënn gespaart géing ginn, gouf kuerz drop eng Pontonsbréck als Provisorium direkt nieft der Fisselsbréck installéiert.

Duerch d’Héichwaasser am Mee gouf déi provisoresch Pontonsbréck dunn awer zerstéiert, an hat also no déck zwou Woche scho musse gefléckt ginn.

Et huet nach emol dräi Woche gedauert, bis d’Ersatzbréck nees accessibel war.

Elo gouf et dann e weideren “Ugrëff” op d’Bréck... déi Kéier war et net d’Héichwaasser, ma Botten, déi de Wee an d’Sauer fonnt haten, a widder d’Pontonsbréck gedréckt goufen. D’Bréck huet dës Kéier awer duergehalen, a kënnt mat e puer Schréipsen dovunner.
Sollt ee Bauer 4 Botte vermëssen? Si waarden zu Dikrech bei der Bréck op de Besëtzer.

Eng liicht wackeleg Alternativ: Zu Dikrech ass eng Pontonsbréck iwwer d’Sauer opgaangen (2.5.24)
Op der Sauer zu Dikrech: Pontonsbréck nees gefléckt a fir Foussgänger op (7.6.24)