E puer Deeg viru Chrëschtdag lafen a villen Haiser d’Preparatioune fir dëst Fest op Héichtouren. Nieft Kaddoen, déi et gëllt, fir deen een oder aneren ze kafen, muss eng ganz Akafslëscht nach ofgeschafft ginn a fir de Feierdagsmenü däerf e gudden Dessert um Enn vum Iessen natierlech net feelen. De Klassiker op Helleger Owend oder op Chrëschtdag: eng Bûche.
Zu Lampech op engem groussen Haff hu mir de Pâtissieren iwwert d’Schëller gekuckt, wéi si d’Bûche preparéiert hunn. Schonn am Oktober fänken déi éischt Tester fir d’Bûchen un. Wat fir ee Goût gefält de Leit, wéi vill Quantitéite gi virgesinn a wéini fänkt déi “waarm Phas” vun der Preparatioun un?
D’Preparatioun vun enger Bûche verlaangt Zäit a Gedold. Mam Biscuitsdeeg gëtt ugefaangen. E Mandelsbiscuitsdeeg. Explikatioune vum Simon Velsch, Pâtissier vu Beruff:
Dëse Biscuitsdeeg gëtt op engem Dag gemaach. Dëst ass eng méi delikat Aarbecht. “Si on rate un biscuit, on ne peut plus l’attraper. Ce qui va sortir du four, ça sera direction la poubelle*. Kloer Wierder vum Simon Velsch. “Une crème au beurre, si on la rate on peut la ratrapper avec le chaud ou le froid”, sou den Expert am RTL Interview.
Fir eng Crème au beurre ze preparéieren, brauch et dat Wäisst vum Ee, Zocker, Waasser an ënner anerem Botter. An dësem spezielle Fall, wou eng Mokka-Bûche preparéiert gouf, och nach Trablit, also Kaffisextrait. 3 Stonne misst een arechne fir d’Preparatioun vun enger Buche.
“A l’ancienne” ginn zu Lampech um Haff d’Bûchë preparéiert. Erklärunge vum Nathalie Hoffmann, Patronne vum Pretemerhaff.
Et gëtt Bûche crème au beurre mat Mokka-, Schockelas- a Vanillsgoût. Do dernieft ginn et awer och nach aner Chrëschtbûchen. Dat si Moussen. 3 chocolats, Framboise Passion, Tiramisu a Schwarzwälder. Vun der Gréisst hier sinn et Bûchë fir all Kéiers 6 Persounen.
Mandelbiscuit
110 gr Zocker
40 gr Mandelen
290 gr Eeër
130 gr Miel
60 gr Botter
Crème au beurre (Mokkagoût)
100 gr wäisst vum Ee
200 gr Zocker
300 gr Botter
40 gr Waasser
25 gr Trablit