
Der Police vun Herne huet sech leschte Freideg en ongewéinlecht Bild gebueden. Géint 16.10 Auer war d’Depanneuse enger Patrull an der Baukauer Strooss opgefall. Den 12-Tonner hat eng méi kleng Depanneuse gelueden, op där en Auto war.
Bei der Kontroll huet de Chauffer vun der Depanneuse erkläert, datt déi kleng Depanneuse e Platten op der Autobunn hat an net weider fuere konnt. Den 12-Tonner war mat béide Gefier zwar schwéier belueden, awer net iwwer der Limitt. De Problem bei der Saach war awer - datt d’Fuererlabnis fir déi Klass vu Gefierer an d’Qualifikatioun fir de Beruffscamionneur vum 44 Joer ale Chauffer schonn e puer Joer ofgelaf waren an hien net hätt dierfe mat der Depanneuse fueren.
D’Police huet de Mann an d’Firma protokolléiert. Weider fueren duerft de Mann natierlech net.