derwäert – Episod 11: Philippe a Robert ReiserEng iwwerraschend Entdeckung um Späicher

Pitt Wagner
De Philippe a säi Papp Robert Reiser presentéiere bei derwäert eng aussergewéinlech reliéis Toile, déi si beim Raume vum Späicher bei de Grousselteren entdeckt hunn.
Philippe a Robert Reiser - Eng iwwerraschend Entdeckung um Späicher
De Philippe a säi Papp Robert Reiser presentéieren eng aussergewéinlech reliéis Toile.

D'Bild stoung verstoppt an engem Schaff a war der Famill bis dohi bal onbekannt. Wou et hierkënnt a wéi et an d'Famill komm ass, weess haut kee méi.

De Mike Fandel geet der Geschicht vum Bild op de Grond. D'Expertin Caroline Cuny-Desprez erkennt dorop d'Muttergottes vu Guadalupe, erkläert vill Symboler, dat méiglecht Alter an d'Hierkonft vun der Toile, a schätzt hire Wäert an, deen d'Besëtzer dach staune léist.

Wat eisen Objet vum Dag haut nach wäert ass, gesitt Dir bei derwäert, dëse Summer vun Dënschdes bis Donneschdes direkt nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO