GroussbritannienEng WM-Finall, ouni Pubs an ouni Béier?

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass jo d'Finall vun der Futtball-WM vun de Fraen tëscht England a Spuenien. D'Auerzäit mécht an der Heemecht awer elo nawell Suergen.

D’Finall gëtt um 11 Auer Lokalzäit a Groussbritannien ugepaff. De Groussdeel vun de Pubs huet awer keng Autorisatioun, fir d’Diere scho sou fréi opzemaachen an nach manner d’Recht, schonn ëm déi Auerzäit Alkohol ze zerwéieren.

D’British Beer and Pub Associatioun huet elo en Appell lancéiert, dass d’Pubs schonn dierfen um 10 Auer opmaachen. Ma fir esou eng generell Autorisatioun ze kréien, bräicht et den Accord vum Parlament. D’Deputéiert kommen awer aktuell wéinst der Summervakanz net zesummen, fir esou eng Decisioun ze huelen.

All Pub kéint elo separat eng Autorisatioun ufroen, ma sou eng muss 5 Deeg am Virfeld agereecht ginn, woufir et elo och ze spéit ass.

De Michael Gove, Minister fir Chancëgläichheet, huet sech un d’Gemengeréit adresséiert a gefrot, dass d’Demandë w.e.g. an enger acceleréierter Prozedur beaarbecht ginn.

Och den Inneminister huet d’Police encouragéiert, mat de Gemengen zesummenzeschaffen, fir dass e Maximum u Pubs a Caféë kënnen e Sonndeg de Moien ophunn.

De konservativen Deputéierte Michael Fabricant huet a sengem Bezierk d’Police opgeruff, en An zouzedrécken, falls e Pub e Sonndeg méi fréi géif opmaachen.

Am Cornwall gëtt et schonn d’Bestätegung, dass d’Gemeng an d’Police d’Pub-Besëtzer net wäert bestrofen, wa se e Sonndeg schonn éischter opmaachen an Alkohol zerwéieren,

D’British Beer and Pub Association huet déi aner Regiounen opgeruff, et d’selwecht ze handhaben.

Et ass déi éischte Kéier, dass déi englesch Futtball-Nationalekipp vun de Fraen an enger Finall vun enger WM steet. Bei den Häre war et 1966 fir d’lescht, dass se eng Finall gespillt hunn. Deemno ass d’Geleeënheet, fir eng Finall vun enger Futtball-WM mat englescher Bedeelegung an engem Pub ze suivéieren eppes, wourop scho Joerzéngtelaang gewaart gëtt a Groussbritannien.

Back to Top
CIM LOGO