
Et handelt sech dobäi ëm d’Titelblat vum Comic “Tintin en Amérique”, deen 1932 fir d’éischte Kéier publizéiert gouf. Dëse gouf an der Vergaangenheet kritiséiert, well déi indigeen amerikanesch Bevëlkerung stereotyp duergestallt gëtt.
Dat ass och um Titelblat de Fall. Op dësem gesäit een den Tintin, deen un e Marter-Poul gestréckt ass. Virun him steet den Häuptling vun engem Volleksstamm an huet eng Aaxt am Grapp.
Trotz dësen Duerstellungen, déi negativ Klischeeë bedéngen, gouf domat gerechent, dass d’Zeechnung fir eng Zomm vun 2,2 bis 3,2 Milliounen Euro versteet kéint ginn. Dëse Montant gouf bei der Stee um Freideg den Owend knapp net erreecht. Si huet fir 2,16 Milliounen Euro de Besëtzer gewiesselt.