Aus der Krëppche geklautEntféierer fuerderen 10.000 Euro Léisegeld fir Jesuskand

RTL Lëtzebuerg
Zu Barbera del Valles a Spuenien hunn Déiwen an der Nuecht op en Donneschdeg d'Jesuskand aus enger Krëpp geklaut.
© ARTUR WIDAK NurPhoto NurPhoto via AFP

Duerno hate si e Video an de soziale Medie verëffentlecht. An dësem hate si mat verzerrte Stëmmen e Léisegeld vun 10.000 Euro gefuerdert.

De Gemengerot vu Barbera del Valles huet sengersäits géigeniwwer de spuenesche Medien d’Hoffnung geäussert, dass et sech ëm en ze fréien Abrëllsgeck handelt an, dass d’Gauner d’Figur méiglechst séier zeréckginn.

D’Figur war iwwerdeems schonn 2005 eng Kéier geklaut ginn. Zanterdeem gëtt se all Owend um 22 Auer vun der Police ofgeholl a bis 6 Auer moies am Policebüro ënnerbruecht. Dat schéngen d’Entféierer gewosst ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO