55 Deputéiert dofir, 34 dogéintEstland féiert als éischt baltescht Land d'Bestietnes fir jiddereen an

RTL Lëtzebuerg
D'Parlament huet engem Gesetz zougestëmmt, dat Hochzäiten tëscht gläichgeschlechtleche Partner vu kommendem Joer u méiglech mécht.
© AFP Symbolbild

“All Mënsch sollt d’Recht hunn, dee Mënsch ze bestueden, deen e gär huet”, sou d’Ministerpresidentin Kaja Kallas no der Ofstëmmung en Dënschdeg. Sie wier “houfreg” op Estland.

Bei der Ofstëmmung hu sech 55 Deputéiert fir d’Gesetz ausgeschwat, 34 hunn dogéint gestëmmt. Domat huet d’Ministerpresidentin Kallas och e Mësstrauensvott iwwerstanen, deen un de Gesetzesentworf geknäppt war.

Schonn 2014 hate gläichgeschlechtlech Koppelen an Estland d’Recht, eng agedroe Partnerschaft anzegoen. Dat elo accordéiert Gesetz hieft d’rechtlech Ongläichheeten op, déi bis ewell tëscht homosexuellen an heterosexuelle Koppelen bestanen huet.

Back to Top
CIM LOGO