Osaka ass eng Metropol mat 2,8 Milliounen Awunner. Fir d’Corinne Kesseler ass et déi drëtt Stad, an där si a Japan wunnt. D’Corinne Kesseler ass Grafikerin a schafft zu Osaka fir eng japanesch Firma, déi Kappbedeckunge produzéiert an online verkeeft. Dat heescht Hitt, Mutzen a Bännercher fir an d’Hoer. D’Firma wier am Joer 2006 gegrënnt ginn a géing zënter 2015 och ausserhalb vu Japan verkafen. Si ass Deel vun der Ekipp, déi fir den internationale Verkaf vun de Produiten zoustänneg ass. Dass si als Lëtzebuergerin esou vill Sprooche schwätzt, kéim do geleeën. Als Grafikerin a Japan schaffe wier spannend.
“Ech hu jo och Design studéiert a wann ee japanesch Design- an Architektur-Bicher kuckt, da gesäit dat ëmmer ganz einfach aus a mat simpele Faarwen. Wann een dann heihinner kënnt, dann ass et eigentlech de komplette Géigendeel. Et kann ee sech Tokio virstelle mat all de Luuchten, esou ass et och op Flyer an Affichen. Natierlech ginn et och Agencen, déi spezialiséiert sinn, wat mir jo dann am Ausland kennen als japaneschen Design, mee sou am Alldag ass dat net dat wat d’Leit hei ze gesi kréien”, seet d’Graphikdesignerin.
Déi éischte Kéier war si 2018 a Japan fir e Stage zu Sapporo am Norde vu Japan. D’Land an d’Kultur hunn hir esou gutt gefall, dass si am Mäerz 2022 a Japan geplënnert ass, fir ze schaffen. Si huet Japanesch schwätze geléiert a fir sech ze integréieren a Leit kennen ze léieren, ass si an eng Wunngemeinschaft mat Leit aus der ganzer Welt geplënnert. Do hätten och Japaner gewunnt, mee richteg Frëndschaften opzebaue mat Eenheemesche wier net esou einfach.
“Et ass ganz schwiereg, mat Japaner a Kontakt ze kommen. Leit, déi interesséiert sinn um Ausland, ginn et natierlech och an déi kommen dann op dech duer, mee dann ass et éischter esou kulturell Kuriositéit, wéi wëlle richteg Kolleege mat dir ze sinn”, seet d’Corinne Kesseler.
An deene Joren, zënter si a Japan lieft, huet si sech en internationale Frëndeskrees opgebaut. Sief et iwwer hiren Hobby d’Fotografie, Sproochaustausch oder och iwwer d’Aarbecht. A Japan schaffe wier a verschiddene Punkten aneschters wéi zu Lëtzebuerg. Et herrscht a villen traditionelle japanesche Betriber eng bestëmmten Aarbechtskultur. Et géingen nach bestëmmten Traditioune bestoen.
“Et gëllt virun allem, do ze sinn. Et muss ee present sinn. Dat heescht net, dass dauerhaft geschafft gëtt. Wann ee midd ass zum Beispill op der Aarbecht, da kann een och emol en Nickerchen huelen. Dat gëtt och als positiv ugesinn, well dann huet ee sou vill geschafft, dass een ebe midd ass. Da kann een 10 Minutte raschten an da schafft een duerno weider. Well dacks d’Leit och ganz ganz laang bleiwen, bis owes 21.00 oder 22.00 Auer och zum Deel. Dann huet een och sou Pausen dotëscht. Ech denken et kéint ee vill éischter goen, wann een och méi seriö géing schaffen. Dat ass emol meng Opfaassung.”
A ville japanesche Betriber géing och gëllen, sou laang owes ze bleiwe bis de Patron heem geet. An der Firma wou d’Corinne Kesseler schafft, wier dat net de Fall. Jiddereen hätt seng fest Aarbechtsschichten an owes um 17.00 oder 18.00 Auer wier Feierowend.
D’Corinne Kesseler huet e japanesche Partner a ka sech virstellen, nach eng Zäit a Japan ze bleiwen. “Fir de Moment gefält et mer, ech hunn näischt dogéint, an Zukunft erëm an Europa ze schaffen, mir gefält et och ganz gutt zu Lëtzebuerg. Ech wollt dat hei einfach nach eng Kéier probéieren a lo hunn ech eng super Firma fonnt, déi mer et elo einfach mécht, hei ze bleiwen...”