
Bei Bad Berleburg an Däitschland war engem Automobilist awer e ganz anert Kaliber entgéint komm. E Wisent oder och europäesche Bison hat Bekanntschaft mam Automobilist gemaach. An där Regioun an Nordrhein-Westfalen ass et net onüblech, e Wisent ze gesinn. D’Déiere waren hei 2013 am Kader vun engem Projet ausgesat ginn.
De 35 Joer ale Mann wollt d’Wisentshäerd d’Strooss passéiere loossen an ass och stoe bliwwen. Wéi en dunn nees lassgefuer ass, huet eent vun de bis zu enger Tonn schwéieren Déieren, sech ëmgedréit an huet säi Kapp an d’Bäifuererdier gefacht. Dem Chauffeur ass näischt geschitt, allerdéngs ass e Materialschued vun 2.000 Euro entstanen.
Wisente ware wäit verbreet an Europa, mä goufe vum Mënsch bal komplett ausgerott. Si sinn e bësse méi dënn, wéi déi nordamerikanesch Bisonen an et versicht een se haut a ville Länner an Europa nees heemesch ze maachen.