
Seng Geschicht war viru Joren an engem Buch vum Michael Lewis an engem Oscar-priméierte Film mam Sandra Bullock opgegraff ginn.
Den haut 37-Joer-ale Michael Oher, deen ënnert anerem fir d’Baltimore Ravens an d’Tennessee Titans an der NFL gespillt huet, behaapt elo, d’Famill Tuohy hätt hien iwwerriet, Dokumenter z’ënnerschreiwen, fir seng Tutelle z’iwwerhuelen an esou Sue mat senger Liewensgeschicht ze verdéngen. Hien hätt dës Dokumenter mat 18 Joer ënnerschriwwen, well hien duecht, d’Famill Tuohy wéilt hien adoptéieren.

D’Famill wiert sech elo an engem offizielle Schreiwes géint dës Reprochen. De Michael Oher hätt schonn e puer Mol probéiert esou eng Klo ze lancéieren, ma bis ewell hätt Affekoten dat wéinst Manktem u Beweiser refuséiert. Derbäi kéim, dass hie virun der Klo probéiert hätt, d’Famill z’erpressen. Hie soll hir gedreet hunn, eng negativ Geschicht iwwert si ze verbreeden, wa si net 15 Milliounen Dollar bezuelen.
D’Iddi, dass dës Millionärskoppel ee géif hannergoen, fir him e puer Dausend Dollar ofzeknäppen, wier absurd. Ëmsou méi well si “hien esou gären hunn, wéi hiren eegene Fils”, esou den Affekot.