Gefälschte FührerschäinFalsche Boris Johnson huet Autosaccident an Holland

RTL Lëtzebuerg
Net schlecht gestaunt hunn d'Polizisten zu Groningen an Holland, wéi si op d'Plaz vun engem Accident komm sinn.
© INSTAGRAM ACCOUNT GRONINGEN CENTRUM POLICE/AFP/-

De Chauffer vum Auto, deen an an e Potto gerannt war, war net méi do. Dofir loung am Auto awer e Führerschäin. Dëse war 2019 an der Ukrain op den Numm Boris Johnson ausgestallt ginn a bis zum Joer 3000 valabel. Um Führerschäi waren esouguer eng Foto vun deem fréiere brittesche Premier an säi richtege Gebuertsdatum war agedroen

© INSTAGRAM ACCOUNT GRONINGEN CENTRUM POLICE/AFP/-

Wéi d’Police vu Groningen op Intagram geschriwwen huet, wieren d’Beamten allerdéngs net op dat gefälschten Dokument eragefall. De Chauffer vum Auto konnt schliisslech net wäit vun der Plaz vum Accident festgeholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO