
Well si eng Famill, déi ouni Ticket ënnerwee war, verwarnt huet, gouf d’Kontrollerin vun dëser kierperlech attackéiert. Wéi et vun der Police heescht, gouf d’Fra dobäi vum 34 Joer ale Papp gewiergt a vun der Mamm un den Hoer gezunn. Déi 13 Joer al Duechter soll hir den Handy ofgeholl hunn. Wéinst hire Blessure konnt d’Kontrollerin net weiderschaffen.
D’Famill gouf kuerz duerno op enger Gare festgeholl. Géint si gëtt wéinst geféierlecher Kierperverletzung, Menacen a Beleidegung ermëttelt.