
Ëmsou méi grouss ass d’Entsetzen an d’Roserei, nodeems eng Boulevard-Zäitschrëft behaapt huet, en éischten Interview mam Michael Schumacher gehat ze hunn. Vun enger “Weltsensatioun” goung am Titel vun der “Die Aktuelle” Rieds an “erléisend Äntwerten op Froen, déi sech d’ganz Welt scho sou laang stellt”.
Et geet deemno ëm e presuméierten Interview mam Formel-1-Rekordweltmeeschter Michael Schumacher, wat tatsächlech eng Sensatioun wier. Zanter Enn 2013, zanter dem fatale Schiaccident, huet een näischt méi vun him gesinn oder héieren.
An anere Wierder: den Interview ass net echt. “Es klingt täuschend echt”, steet och ënnert dem Titel, kleng gedréckt. Et handelt sech also ëm e gefälscht Gespréich mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz. De presuméierten Interview gouf iwwer eng Websäit erstallt, op där ee mat KI Fake-Gespréicher am Internet féiere kann.
D’Reaktioune sinn eendeiteg: esou eppes mécht een net, eng Frechheet, mauvais goût. Och d’Famill vum Michael Schumacher, déi penibelst probéieren, hien aus der Ëffentlechkeet erauszehalen, ass entsat. Wéi d’Deutsche Presse-Agentur mellt, hätt d’Famill annoncéiert, dass rechtlech Schrëtt ageleet ginn.
De leschten offizielle Statement iwwert den Zoustand vun hirem Mann hat d’Corinna Schumacher an der Netflix-Dokumentatioun “Schumacher” gemaach. Do hat et geheescht: “De Michael ass hei. Anescht, awer hien ass hei, an dat gëtt eis Kraaft, fannen ech”. Et géing een alles maachen, dass hie sech wuel fillt, Therapie doheem, am Krees vun der Famill, an der Verbonnenheet. Et wéilt ee versichen, esou weiderzemaachen, wéi de Michael et selwer am léifsten hat: “Privat ass privat”.