Wärend engem Concert vum PinkFan geheit Sak mat den Äsche vu senger Mamm op d'Bün

RTL Lëtzebuerg
Bei engem Concert vum Pink am Hyde Park zu London ass et zu engem éischter makaberen Tëschefall komm.
© CHRISTOPHE GATEAU DPA dpa Picture-Alliance via AFP

Wärend engem Lidd huet e Spectateur eng Tut, mat engem groe Polver dran, op d’Bün geworf. D’Sängerin huet doropshin hire Concert ënnerbrach, fir op den Tëschefall ze reagéieren.
Wéi “d’USA Today” melle, wier d’Pink bei der ganzer Saach relativ entspaant bliwwen, och wann hatt op Videoen, déi op de soziale Medien d’Ronn maachen, relativ duerchernee wierkt.

Si huet d’Tut opgehuewen an de Fan gefrot, ob et sech bei den Äschen ëm dësem seng Mamm handele géif. D’Sängerin huet dann och gemengt, dass si e bëssen duerchernee wier, éier si d’Tut vir op d’Bün gestallt huet a mat hirem Lidd “Just Like a Pill” weidergemaach huet.

Back to Top
CIM LOGO