FrankräichFebruar 2023, deen dréchenste Mount zënter Ufank vun den Opzeechnungen

RTL Lëtzebuerg
Dee leschte signifikante Nidderschlag gouf et an eisem Nopeschland den 21. Januar, also virun 32 Deeg.
© AFP/Archiv/Philippe LOPEZ

Domat ass de Rekord un der längster Period ouni signifikant Nidderschléi vum Fréijoer 2020 gebrach. Mat ronn 50% manner Nidderschlag wéi am Duerchschnëtt ass dëse Februar deen dréchensten a Frankräich, zanterdeem d’Wieder opgezeechent gëtt, also zënter 1959.

Duerch d’Dréchent geet och de Grondwaasserspigel erof, wat bedeit, dass d’Drénkwaasser a verschiddene Géigende kéint knapp ginn. D’Recolte wäerten doduerch och méi moer ausfalen.

Och zu Lëtzebuerg ass et d’lescht Joer méi dréche gewiescht wéi am Duerchschnëtt vun den 30 Joer virdrun.

Als Konsequenz vum Klimawandel kënnt et ëmmer méi dacks zu Dréchenten, déi och ëmmer méi intensiv ginn.

Back to Top
CIM LOGO