No 40 JoerFernsee-Legend Thomas Gottschalk seet Äddi

RTL Lëtzebuerg
Ouni hie kee "Wetten, dass..?": Zanter den 80er Jore war den Thomas Gottschalk eng bekannte Gréisst an der däitscher Tëlee. E Samschdeg huet hien seng Karriär an enger emotionaler Emissioun op en Enn bruecht.
© BARBARA GINDL/AFP

D’Emissioun “Denn sie wissen nicht, was passiert”, déi e Samschdeg den Owend an der Prime-time beim däitschen RTL gelaf ass, war eng ganz besonnesch: et war de leschten Optrëtt vum legendären Thomas Gottschalk. Eng ganz Rei däitsch Tëleesperséinlechkeeten hunn et sech dann och net huele gelooss, hien a senger leschter Emissioun ze begleeden. Nieft senge Co-Moderatore Günther Jauch a Barbara Schöneberger waren och den däitsche Comedian Mike Krüger an aner bekannt Presentateuren, wéi den Giovanni Zarrella an de Jörg Pilawa, mat derbäi.

Et war eng besonnesch emotional Emissioun, net zulescht och, well den Thomas Gottschalk eréischt viru kuerzem seng Kriibs-Diagnos ëffentlech gemaach hat. Der “Bild"-Zeitung sot de 75 Joer alen Entertainer, hien hätt wéinst sengem béisaartegen Tumor schonn zweemol missen operéiert ginn a misst och staark Medikamenter géint Péng huelen.

Den Thomas Gottschalk huet sech a senger leschter Emissioun dann och d’Zäit geholl, sengem Publikum Merci ze soen. “Ech hunn déi beschten Zäit erlieft, déi et an der Tëlee gouf”, esou den Entertainer. Trotz senger Krankheet huet hie sech zouversiichtlech gewisen, wou hien an der Sendung sengem Co-Moderator Günther Jauch sot: “Mir geet et wonnerbar, ech freeë mech op d’Pensioun.”

Ier den Thomas Gottschalk seng Kränkt ëffentlech gemaach hat, hat hien an der lescht e puermol mat méi ongewéinlechen Optrëtt fir Negativ-Schlagzeile gesuergt. Mëtt November hat hie mat sengem Optrëtt bei der “Bambi"-Präisiwwerreechung ënnert anerem och d’US-Sängerin Cher virun de Kapp gestouss. Grond fir säin duercherneent optriede sollen deemno Medikamenter gewiescht sinn, déi hie wéinst senger Krankheet misst huelen. Dem Thomas Gottschalk seng Fra Karina, déi e Samschdeg bei hirem Mann senger leschter Sendung am Publikum souz, dat der “Bild"-Zeitung zu dem Bambi-Optrëtt gesot: “Dat war fir mech d’Hell, well ech jo d’Wourecht kennen.” Deen Ament wosst nach kee vun der Krankheet vun hirem Mann. “Am léifsten hätt ech all Mënsch ugebläert: Nee, et geet eis net gutt. Virun allem dem Thomas geet et net gutt. Hien ass schwéier krank.”

Säi leschten Optrëtt huet den Entertainer allerdéngs souverän hannert sech bruecht. E Samschdeg den Owend, ëm genee 22.13 Auer, huet den Thomas Gottschalk sengem Publikum ënnert engem Reen aus gëllenem Konfetti eng leschte Kéier “Äddi” gewonk.

Back to Top
CIM LOGO