Déi éischte Kéier gouf den Documentaire de 14. Juni 2025 am Kader vum 40. Jubiläum vum Accord vu Schengen gewisen.
No ville Joren am Ausland, bekannt als MS Regensburg, ass d’Marie-Astrid Europa elo nees zréck op der Musel. Am Joer 1985 gouf op dësem Schëff zu Schengen de Schengen-Accord ënnerschriwwen.
D’Gemeng Schengen an den Tourismusministère hu sech engagéiert, well d’Schëff 2019 zum Verkaf stoung, dëst ze kafen. Zwee Joer méi spéit konnt de Kaf erfollegräich ofgeschloss ginn, a se gouf an hirer originaler Werft bei Bonn ëmfaassend renovéiert, bannen a baussen.