E Stéck europäesch Geschicht op der Musel
Zënter kuerzem duerf si rëm Lëtzebuerger Muselwaasser schmaachen: d'Marie-Astrid, d'Schëff, op deem 1985 zu Schengen de Schengen-Accord ënnerschriwwe gouf.
No Joren am Ausland, ënner dem Numm MS Regensburg, ass d’Schëff elo an neiem Glanz zréck, ëmgebaut zum Muséesschëff an ëmgedeeft op Marie-Astrid Europa.
D’Gemeng Schengen hat sech zesumme mam Tourismusministère fir de Kaf agesat, nodeems 2019 kloer gouf, dass d’Schëff ze verkafe wier. Zwee Joer méi spéit konnt de Kaf ofgeschloss ginn. Zréck an hirer ursprénglech Werft bei Bonn gouf d’Schëff grëndlech renovéiert – bannen a baussen.
Haut fiert si elektresch, ouni Diesel – eng flott Symbolik fir eng modern Zukunft. Mat Batterien ugedriwwen, packt d’Marie-Astrid Europa eng Streck vu bis zu 90 Kilometer op enger Charge. Hir éischt Faart zeréck op Lëtzebuerg iwwer Rhäin a Musel huet si ganz emissiounsfräi bannent dräi Deeg gepackt.
Nieft technesche Moderniséierungen huet och d’Atmosphär u Bord sech gewandelt: do, wou fréier d'Danzpist war, ass haut Plaz fir kulturell Evenementer, Ausstellungen an Éierewäin. Besonnesch bleift awer den Ënnerschrëftsraum – deen ass esou restauréiert ginn, wéi e bei der historescher Signatur 1985 ausgesinn huet.
D’Marie-Astrid Europa läit elo zu Schengen um Quai, als Deel vum Musée, mee kann och op Faart goen – fir Touristen a Geschichtsfrënn aus aller Welt, déi de Gebuertsuert vum fräien Europa op eng ganz speziell Aart erliewe wëllen.