
A Groussbritannien ass den éischten Exemplaire vum J.R.R Tolkiens sengem Buch “Hobbit” rezent fir iwwer 10.000 Pond - ëmgerechent knapp 12.000 Euro - versteet ginn. De Fantasy-Roman, deen eng éischte Kéier 1937 mat enger Oplag vu just 1.500 Bicher verëffentlecht gouf, erzielt d’Virgeschicht vun “Herr der Ringe”.
U sech sollt dat wäertvollt Buch fir knapp 5 Pond (5,86 Euro) oder souguer manner an engem Second-Hand-Buttek an der schottescher Stad Dundee verkaf ginn. Den Erléis war fir d’Organisatioun fir Kriibsfuerschung Cancer Research UK geduecht. Ma um Enn ass méi draus ginn.
De Chef vum Buttek huet am leschte Moment erkannt, dass et sech ëm e seelenen Exemplaire handelt an huet d’Buch op der Online-Auktiounsplattform Ebay gesat. Mat groussem Succès. Ma och do gouf net mat där Zomm gerechent, déi um Enn dofir bezuelt gouf.
Amplaz vun erwaarte 500 Pond, koumen iwwer 10.000 Pond zesummen. Et wier dee wäertvollste Géigestand, deen de Second-Hand-Buttek bis ewell verkaf hätt.