
“Eng aussergewéinlech Fra verdéngt eng aussergewéinlech Aart a Weis ëm hir Hand gefrot ze ginn”, sou e jonke Mann géigeniwwer der däitscher Police, déi hie gefrot huet, him bei senger “Demande en marriage” aktiv ze hëllefen.
Op der BAB 64, also der Streck tëscht Lëtzebuerg an Tréier, sollten déi däitsch Polizisten d’Frëndin vum Mann fir eng “falsch” Kontroll aus dem Verkéier zéien. Nodeems dunn déi, zu deem Moment verständlech, nervös Fra hir Pabeieren der Police ginn huet, gouf si gebieden erauszeklammen. Niewent dem Auto huet dunn de Frënd schonn op Knéie gewaart, a senger Hand den Etui mam Rank an huet dunn och direkt déi decisiv Fro gestallt. Komplett iwwerwältegt ass d’Fra hirem Zukünftegen an den Hals gefall an d’Fro glécklecherweis mat “Jo” beäntwert. Domadder awer net genuch.
Wéi d’Decisioun vun der Fra kloer war, koumen och schonn d’Zeien aus hirer Stopp, fir der Koppel ze gratuléieren. Och d’Police sur Place huet hir Gléckwënsch fir de gegléckten Akt un d’Koppel weider ginn."Ech wëll mech bei der Police vun Tréier an der Police vu Kassel fir hir Ënnerstëtzung Merci soen”, sou de Mann, deen d’Aktioun geplangt hat. D’Hochzäit soll am Fréijoer 2026 sinn.