
Virun hirem Fluch am Süde vun Thailand ass d’Fra op engem Rollteppech (Rollsteig) gefall, dat mellt d’"Bangkok Post” a berifft sech op d’Rettungsekippen. Dobäi ass d’Fra fir d’éischt mat hirem Fouss an du mat hirem Been ënnert de Rollteppech geroden.
Bei der Chute huet d’Fra sech esou schwéier blesséiert, datt d’Rettungsekippen hir op der Plaz d’Been iwwert dem Knéi hu missen amputéieren. An enger Privatklinick ass et den Doktere gelongen, fir der Fra d’Been nees unzebitzen. Ob et awer nees voll funktiounsfäeg si wäert, kënnen d’Doktere fir den Ament nach net soen.
Nom uergen Tëschefall sinn um Fluchhafen alleguer d’Rollteppecher vun der Fluchhafenautoritéit Airports of Thailand (AoT) kontrolléiert ginn. Dem Fluchhafendirekter no war de Rollteppech, op deem d’Accident geschitt ass, eréischt viru kuerzem kontrolléiert ginn.
D’Käschte fir d’Behandlung vun der Fra wëllt d’AoT iwwerhuelen.