RIPFranséisch Kult-Animatrice Évelyne Leclercq am Alter vu 74 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
D'Évelyne Leclercq war an hirer laanger Karriär op der Tëlee ënner anerem bei TF1 an och dem franséischen RTL.
© JOEL ROBINE / AFP

Déi franséisch Kult-Animatrice Évelyne Leclercq ass am Alter vu 74 Joer gestuerwen. Dat huet d’Famill e Mëttwoch an engem Schreiwes matgedeelt.

Fir d’éischt op der Tëlee ze gesinn, war si schonn ufanks den 1970er Joren op ORTF als jéngst franséisch Spriecherin. Duerno ass et weider bei TF1 gaangen, wou d’Évelyne Leclercq ronn 20 Joer am Asaz war. Besonnesch ikonesch gouf si hei virun allem mat der Emissioun “Tournez manège!” an och mat “Intervilles”. An den 90er Jore war si dann och um franséischen RTL bei Sendunge wéi “Grosses Têtes” ze gesinn. Nieft enger Rei Filmer huet d’Évelyne Leclercq och ëmmer nees am Theater gespillt. No hirer Zäit zu Paräis huet si fir d’lescht zu Mougins an der Géigend vu Cannes gewunnt.

Back to Top
CIM LOGO