Am Alter vun 78 JoerFréiere franséischen Noriichtepresentateur Daniel Bilalian gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Bilalian hat ënner anerem fir Antenne 2, haut France 2, a fir France Télévisions als Noriichtepresentateur geschafft.
Den Bilalian, hei riets ze gesinn, ass 78 Joer al ginn
Den Bilalian, hei riets ze gesinn, ass 78 Joer al ginn
© Christophe Petit Tesson / Pool / AFP

Besonnesch an den 80er an an den 90er war hien engem méi breede Public an där Funktioun bekannt ginn. Wéi seng Famill der Noriichtenagence AFP géigeniwwer matgedeelt huet, ass hien un de Suitte vun enger Krankheet verscheet, méi Prezisioune ginn allerdéngs net genannt. Am Hierscht 2016 ass hien an d’Pensioun gaangen a stoung zanterhier och net méi an der Ëffentlechkeet.

Den Daniel Bilalian am Joer 1994
Den Daniel Bilalian am Joer 1994
© Georges Bendrihem / AFP

Back to Top
CIM LOGO