Rekordwäert a RekordvitessFuerscher warne virun ze séierer Äerderwiermung

RTL Lëtzebuerg
Déi vu Mënsche verusaachten Äerderwiermung huet tëscht 2013 an 2022 e Rekordwäert vu plus 1,14 Grad am Verglach mam preindustriellen Zäitalter erreecht.
© AFP

Aktuell steigt déi Temperatur mat iwwert 0,2 Grad pro Joerzéngt esou séier wéi nach ni. Dat ass d’Resultat vun enger Etüd, déi 50 féierend Wëssenschaftler an der Zäitschrëft “Earth System Science Data” verëffentlecht an en Donneschdeg presentéiert hunn.
Am Hibléck op d’Vitess hu si gewarnt, dass d’Paräisser Klimazil vun enger maximaler Äerderwiermung vun 1,5 Grad net agehale kéint ginn.

“Obscho mir nach net bei enger Erwiermung vun 1,5 Grad sinn, wäert eisen CO2-Budget warscheinlech an e puer Joer opgebraucht sinn”, sou ee vun de féierenden Auteure vun der Etüd, de Piers Forster, Physikprofessor un der Universitéit zu Leeds. De sougenannten CO2-Budget leet fest, wéi héich den Ausstouss vu klimaschiedlechen Zäregasen däerf sinn, ouni dass d'1,5-Grad-Zil iwwerschratt gëtt.

D’international Communautéit hat sech Enn 2015 zu Paräis drop gëeenegt, d’Äerderwiermung op däitlech ënner zwee Grad, méiglechst awer op 1,5 Grad am Verglach zum preindustriellen Zäitalter ze begrenzen. De Wëssenschaftler no erlieft awer och de järlechen CO2-Ausstouss an de leschten 10 Joer en Héich vu 54 Milliarden Tonnen. Dat sinn 1.700 Tonne pro Sekonn.

Back to Top
CIM LOGO