EuropawäitGaspräis um déifsten Niveau zanter Ufank vum Krich

RTL Lëtzebuerg
E Dënschdeg gouf et schonn den déifsten Niveau zanter Juni, e Mëttwoch ass et mat 76,18 Euro den niddregste Stand zanter Februar.
© AFP

Zanter 8 Deeg ass de Gaspräis um falen. Ee Grond dofir sinn déi mëll Temperaturen, wouduerch manner Gas fir ze hëtze gebraucht gëtt.

345 Euro pro Megawattstonn huet den europäesche Gas am Summer maximal kascht. Zanter Mëtt Dezember gouf et eng Baisse vum Gaspräis an Europa vu 60 Euro. Elo gëtt och nees Gas agespäichert.

Back to Top
CIM LOGO