Internetplattform TikTokGeforen an aner Probleemer

Christophe Hochard
Ëmmer méi Länner verbidden hire Beamten am ëffentlechen Déngscht, TikTok ze benotzen.
TikTok-Verbuet bei villen Atministratiounen
Ëmmer méi Länner verbidden hire Beamten am ëffentlechen Déngscht, TikTok ze benotzen.

Et gëtt gefaart, dass d’Daten op dëser chineesescher Plattform net sécher sinn. Mataarbechter vun der EU-Kommissioun a Beamte vun der kanadescher an der amerikanescher Regierung krute scho verbueden, des App op hirem Déngschthandy ze benotzen an och an europäesche Länner ginn et ëmmer méi sou Initiativen. Lëtzebuerg well fir de Moment nach kee Verbuet ausschwätzen.

Des chineesesch Video Plattform ass virun allem bei Jonke ganz beléift. Et geet virun allem drëms kuerz Videoe mat anere Leit ze deelen.

Back to Top
CIM LOGO