Réckbléck 2025 mam Pierre WeimerskirchGeopolitesch Tensiounen, perséinlech Schicksaler an neie Groussherzog

Pierre Weimerskirch
D'Joer 2025 war fir Journalisten e spannend an och bei rtl.lu hu mer vill perséinlech Geschichten erzielt. E puer dovu weisen ech an engem klenge Réckbléck.
© RTL Grafik

Mäin Artikel vum Joer

Als Papp vun zwee klenge Kanner huet mech d’Geschicht vum Isaac dëst Joer besonnesch gepräägt. De Jong vun 9 Joer ass duerch eng Krankheet a senger Mobilitéit ageschränkt. Schlecht Laun gëtt et beim Isaac Sousa awer wéineg. Fir dëse kuerzen Artikel hunn ech nach eng Kéier bei der Famill nogefrot, wéi et dem klenge Mann geet: Hie waart op seng Operatioun mat der Hëft, fir nees méi Normalitéit a sengem Alldag ze hunn.

Sonndesinterview mam Isaac Sousa
E Liewe mat enger Dysplasie épiphysaire multiple.

De kompletten Artikel fir nozeliesen fannt Dir hei.

De Video-Reportage vum Joer

Am Hierscht gouf d’Redaktioun vun engem User kontaktéiert, zu Beetebuerg géif eng Koppel zanter e puer Méint an engem Auto liewen. Mir hu mat de Leit Kontakt opgeholl an hir Geschicht erzielt. Ganz vill User hunn hir Hëllef ugebueden. Zanterhier ass d’Redaktioun nach e puer Mol mam Awunner a mat der Koppel a Kontakt gewiescht. De Suivi vun der Geschicht maache mir Ufank 2026.

E Liewen am Auto
Eng Koppel sëtzt op der Strooss a sicht no Perspektiven

D’Fotosgalerie vum Joer

2025 hat d’Onlineredaktioun de Stagiaire Alexandre Benavente Martingil fir 6 Wochen am Stage. Mat senge Fotoen ass de Schüler vun 19 Joer och iwwer de Stage eraus bei RTL aktiv gewiescht. Ënnert anerem wärend dem Trounwiessel konnt de Schüler aus dem Arts et Métiers weider wichteg Erfarunge sammelen.

Gréissten Erausfuerderung

An enger klenger Ekipp hu mer um Weekend vum Trounwiessel d’Leit informéiert. Grouss Fotosgalerien, vill Videoen, Artikelen, Liveticker a Livestream: Quasi d’ganzt Land huet sech iwwer rtl.lu, today an infos iwwer dëst Event informéiert.

Wonsch fir 2026

D’Welt wäert och 2026 onsécher bleiwen. D’Bezéiungen tëscht de grousse Muechten, den USA, China, der EU a Russland bleiwen ugespaant. Mat direkten Auswierkungen op Energiepolitik, Handel an déi international Sécherheet.

Den Donald Trump an de Wladimir Putin bei hirem Meeting an Alaska.
Den Donald Trump an de Wladimir Putin bei hirem Meeting an Alaska.
© AFP

Kënschtlech Intelligenz, digital Infrastrukturen a strategesch Ressourcen, si weider grouss Erausfuerderungen.

E Wonsch fir 2026 bleift e gerechte Fridden an der Ukrain an eng friddlech Léisung fir d’Mënschen, déi am Noen Oste liewen.

Back to Top
CIM LOGO