
D’alkoholescht Gedrénks mam Peffermënz-Goût ass zemools an Däitschland an der Partyzeen beléift. Ma och zu Lëtzebuerg ass de Likör bei de Jonke bekannt. D’Gedrénks gëtt vun der Firma Schilkin produzéiert a verkaf. Déi hunn hirer Fläsch elo e ganz spezielle Look ginn.
Déi geschlechtsneutral Etikett mam Gebai a Reebou-Faarwen an dem Drock “Toleranz und Vielfalt” suergt an de soziale Medie fir vill Diskussioun. Den Highlight: Aus “Berliner Luft” gëtt “Berliner’innen Luft”.
“Eng Mark, déi net polariséiert, huet kee Message”, sou de Schilkin-Gesellschafter Erlfried Baatz am Interview mam Spiegel. Et wéilt ee weider sou Aktioune plangen, d’Verkafszuelen hätten nämlech de Succès vun dësem Coup gewisen. Nëmme 500.000 Exemplaire vun dëser Versioun goufe produzéiert. An dës sinn elo souguer bei Sammler gefrot.