
Déi angeblech gréisste Sich zanter Joerzéngten ass fir dëse Samschdeg ugesat a soll zwee Deeg daueren. Fräiwëllegen, Wëssenschaftler an Nessie-Enthusiaste bedeelege sech un der Sich. Dofir kommen ënnert anerem Drone mat Wärmebildkameraen an den Asaz, grad ewéi Ënnerwaassermikroen.

Organiséiert gëtt déi éischt systematesch Sich zanter 1972 vum Loch Ness Centre zu Drumnadrochit. Dësen Zenter schafft mat Loch Ness Exploration (LNE) zesummen, engem onofhängege Forschungsteam.

Zanter Joerhonnerte ginn et ëmmer nees Berichter, dass Leit e Séiongeheier am Loch Ness gesi sollen hunn. Den Nessie-Tourismus ass 1933 richteg grouss ginn, nodeems eng Lokalzeitung (Inverness Courier) iwwert eng Renconter tëscht enger Hotelmanagerin an dem Waassermonster bericht hat. An deem Hotel befënnt sech mëttlerweil och d’Loch Ness Centre.
