International Konferenzen, Kongresser aus dem Medezin-Beräich, wichteg EU-Treffen a villes méi: Am European Convention Center Luxembourg, kuerz ECCL genannt, gi ronderëm d’Joer Gäscht aus der ganzer Welt empfaang.
De Palais de Congrès um Kierchbierg, deen 2017 als dee schéinsten aus ganz Europa gekréint gouf, ass een Aushängeschëld fir Lëtzebuerg.
D’Gebai ass zesummegestallt aus dem sougenannten alen Héichhaus, also der Tour Alcide Gasperi an dem Hémicycle, och “klenge Kueb” genannt. Zur Auswiel stinn dräi Plenièren, 11 Reuniounssäll an 30 sougenannte Break-Out-Rooms. Donieft ginn et nach Raim fir d’Press, Iwwersetzungskabinnen a Restauranten.
Mee wat ass eigentlech den ECCL? Wéi eng Eventer ginn do organiséiert a wéi ee Stellewäert huet dës Plaz op internationalem Niveau? Eng RTL-Ekipp huet de Mataarbechter vum Kongresszenter bei de Preparatioune fir ee grousst Evenement iwwer d’Schëllere gekuckt.