An zwar op eng Destinatioun, déi ville bekannt ass, méi genee op Phuket. Do lieft a schafft de Claude Petit, deen als Teenager d’Decisioun geholl huet, fir spéiderhin eng Kéier auszewanderen. Haut bedreift hien eng Marina zu Phuket a baut Booter aus engem Material, wat innovativ ass am Bootsbau. Wéi verleeft säin Alldag dohannen a firwat huet hie sech entscheet auszewanderen? Den Yves Trévalec war hie besichen.