
Fotoen, déi an de soziale Medie gedeelt ginn, weisen de Saluschny, wéi hie wärend engem Besuch bei den ukraineschen Truppen e Patch mat der Figur “Baby Yoda” (alias Grogu), déi aus der Star-Wars-Serie “The Mandalorian” bekannt ass, op senger kugelsécherer West dréit.
D’Reaktiounen heirop hunn net laang op sech waarde gelooss, wéi zum Beispill vun der Zeitung “Business Ukraine”, déi schreift: “D’Muecht ass mat him”. Vun engem Internetuser heescht et “Gott, Saluschny a Baby Yoda si mat eis”.