
Géint 13.30 Auer hunn direkt eng Rei Leit bei der Police ugeruff an hunn dräi BMWen gemellt, déi sech op der däitscher A64 géintenee gemooss hunn. Mat däitlech ze héijer Vitesse ware si vu Lëtzebuerg aus a Richtung Tréier-Ehrang ënnerwee. Hir aggressiv Fuerweis hätt direkt e puer aner Persounen am Stroosseverkéier a Gefor bruecht, heescht et am däitsche Policebulletin zu dem Virfall.
Déi dräi Autoen, an deene jeeweils e puer Persoune souzen, konnten duerch eng séier Sich vun enger Rei Policepatrulle vun der Bundespolizei an der Polizeiautobahnstation Schweich zu Tréier-Ehrang gestoppt ginn. Bei der Kontroll sinn d’Hiweiser ëmmer méi däitlech ginn, datt déi bedeelegt Autoen eng illegal Course géintenee gefuer waren. D’Fürerschäiner vun de Chauffere goufe saiséiert an et goufen direkt eng Rei Verfare géint si an d’Weeër geleet.
D’Police sicht elo no Zeien, déi Aussoen zu der illegaler Course kënne maachen. Am Speziellen gëtt och de Chauffer vun engem roude Ford gesicht, dee kuerz virun der Biewerbachtalbrücke duerch d’Course a Gefor bruecht gi war. Wien Informatiounen huet, ass gebieden, sech bei der Polizeiautobahnstation Schweich ze mellen, dat per Telefon 0049 6502-91650 oder per Mail pastschweich@polizei.rlp.de.