Ouni Iessen an DrénkenIndonesesch Fëscher hu bal eng Woch op Atoll virun Australien iwwerlieft

RTL Lëtzebuerg
Indonesesch Fëscher waren op hiren zwee Schëffer d'lescht Woch vum Zyklon "Ilsa" erfaasst ginn a sinn a Séinout geroden.
© Australian Maritime Safety Authority (AMSA)/AFP/Handout

Ouni Iessen an Drénken hu si op engem klengen eidele Korallenatoll virun der Westküst vun Australien iwwerlieft. Do waren d’Fëscher gestrant. Déi australesch Douane huet de Grupp Männer zoufälleg entdeckt, wéi déi zoustänneg australesch Agence Amsa e Mëttwoch matgedeelt huet. Déi Onglécklech stamen vun zwee Booter, déi um Mier vum Stuerm “Ilsa” d’lescht Woch erfaasst goufen.

Aus deem engem Schëff konnte sech sämtlech Fëscher op déi kleng Insel retten. Ee weidere konnt sech aus dem zweete Boot a Sécherheet bréngen, déi aner néng Fëscher si wuel erdronk.

Op Fotoen, déi d’Agence verëffentlecht huet, ass ze gesinn, wéi d’Fëscher aus Stécker vun engem zerstéierte Schëff e Lager gebaut hunn.

Bedwell Island, do wou d’Fëscher erëmfonnt goufen, läit eng 300 Kilometer westlech vun der Küstestad Broome. Se besteet aus wäissem Sand ouni natierleche Schutz oder Séisswaasserquellen. Den Zyklon “Ilsa” war e Freideg mat Rekordwandstéiss an Australien u Land getraff.
D’Fëscher waren e Méindeg den Owend mat Helikoptere gerett ginn a goufen op d’australescht Festland geflunn, wou si medezinesch versuergt goufen. Soubal et hiren Zoustand erlaabt, solle si nees an hir Heemecht zeréck.

Back to Top
CIM LOGO