
Ronderëm d’Welt hunn op Neijoerschdag vill Leit en décke Kapp, well se et mam Feieren dann awer e bëssen iwwerdriwwen hunn. Wéi gëtt den “décke Kapp” eigentlech international genannt? A wat maachen se a wéi enge Länner, fir erëm zou sech ze kommen?
A Mexiko fillt een sech den Dag drop “réi”. op spuenesch ausgedréckt “Estoy crudo”. Dogéint hëllefe sollen “Chilaquiles”. Opgebaken oder frittéiert Tortilla-Chips mat schaarfer Zooss, déi mat gerapptem Kéis, Sauerram an Ënne garnéiert ginn. Heiansdo kënnt nach e Spigelee oder gerappte Pouletsfleesch drop.
Géint den décke Kapp iessen d’Griiche gäre Streetfood. Souvlaki-Spiessen oder Gyros, och alt mat Fritten, Tsatsiki, Tomaten oder Ënnen an engem Pita-Paangech. Déi Eeler schwieren éischter op eng gutt Brittzopp als Géigemëttel. “Metaméthi” bedeit iwwersat ongeféier “nom Rausch”.
Dat, wat “vum Owend bliwwen” ass, soen d’Tierken, wann se ze hefteg gefeiert hunn. Fir datt et guer net dozou kënnt, iesse si no der Party nach direkt eng Zopp, zum Beispill mat Fleesch aus Kapp a Féiss vu Schof a Rand dran. Gewierzt mat vill Knuewelek oder Chilli. D’Zoppe sollen d’Regeneratioun ënnerstëtzen.
Eis franséisch Noperen hunn déi bekannte “Schnëss aus Holz”. Wat dogéint hëlleft, gëtt ënnerschiddlech ausgeluecht. Déi Eng schwieren op schwéiert, fettegt Iessen, déi Aner si fir eng Geméisbritt oder eng Ënnenzopp. Poznennö.
“Zammermänner”, déi mat Hummer, See a Buermaschinn fir Aua am Kapp suergen. Dogéint drénken d’Däne gäre mol de sougenannte Konterbéier. Op dänesch “reparationsbajer”.
Dee Begrëff ass, spéitstens no engem gewëssen Hollywoodfilm, weltwäit e Begrëff. De Britt hëlleft sech dogéint mat sengem “Full English Breakfast”. Spigelee mat Baked Beans, Wirschtchen a Speck, gegrillten Tomaten, Champignonen an e bëssen Toast. Anerer schmiere sech Marmite op d’Schmier. De Goût ass awer net jidderengem senges.
Heibäi handelt et sech wuertwiertlech ëm eng “Zopp fir den décke Kapp lass ze ginn”. Et ass eng salzeg Britt, déi dacks mat Sojabounen, Kabes a Schanke vun Rand zerwéiert gëtt. Vill Restauranten, déi sech op dës Zopp spezialiséiert hunn, hunn op Neijoerschdag op, fir hir Spezialitéit ze zerwéieren.
Ausléiser ass eng Kombinatioun aus toxeschen Offallproduiten an engem verännerten Elektrolyt-Haushalt. Waasser an isotonescht Gedrénks, wéi Jus, ersetze Flëssegkeeten an Elektrolytten, wat d’Dehydréierung an de Kappwéi méi supportabel mécht. Liichte Kascht wéi Toast stabiliséiert de Bluttzocker a liwwert Energie, ouni den ugeschloene Mo ze vill ze belaaschten.
Schaarft oder waarmt Iesse kann och dozou féieren, datt ee sech “den Dag dono” rëm besser fillt. Mee datt déi Wonnermëttelen aus aller Welt och wierklech eppes hëllefen, loosse mir mol am Raum stoen. Eng Garantie kënne mir net ginn. Dat musst Dir scho selwer erausfannen.