D'Poubelle ass fortgeflunn an elo?Jiddereen ass verantwortlech fir d'Saachen, déi ënner senger Garde sinn

Sandy Schmit
Wat geschitt, wann engem bei vill Loft seng Poubelle fortflitt a schlëmmstefalls engem aneren am Auto lant? Mir hu mam Maître Schonckert doriwwer geschwat.
© RTL Archivbild

Wie kennt et net, owes setzt ee seng gutt gefëllte Valorlux-Tut eraus, moies ass se fort. Beschtefalls ass just déi zouen Tut fortgeflunn, ma wann ee Pech huet, ass alles an der Géigend verdeelt. Bei méi heftege Wandstéiss, wéi se lo an der Nuecht op e Freideg lassgaangen an och um Samschdeg nach gemellt sinn, kann och emol eng Poubelle fortfléien. An aktuell gi jo och déi al Chrëschtbeemercher agesammelt, där sinn der e Freideg och eng jett dorëmmer gesi leien.

Do stellt sech d’Fro, wien ass responsabel fir de Knascht? Mir hu beim Maître Jean-Jacques Schonckert nogefrot, wéi dat op juristeschem Niveau ausgesäit.

De juristesche Prinzip ass follgenden: Jiddereen ass verantwortlech fir déi Saachen, déi en ënnert senger Garde huet. Stellt een zum Beispill säi Chrëschtbeemche virun d’Dier, ass een dofir haftbar, och wann dëse fortflitt. Bei der Dreckskëscht verhält et sech méi liicht, well an de meeschte Fäll den Numm dropsteet. Et kéint ee sech natierlech erausrieden an op de Cas de force majeure verweisen, ma am Fall vu Meteoskonditiounen, déi am Virfeld dacks och gemellt ginn, muss een déi néideg Precautiounen huelen. An dat heescht, dass een eng Valorlux-Tut oder de Beemchen deementspriechend fixéiert.

Et ass een an der Verantwortung bei schlechtem Wieder, sou de Maître Schonckert.

Wat geschitt, wann e Schued entstanen ass? Virop muss een hei op d’Éierlechkeet vun de Leit vertraue kënnen. Ass zum Beispill de Chrëschtbeemchen an engem anere säin Auto geflunn, da muss ee kënnen noweisen, wiem säin et ass. Op der anerer Säit muss een natierlech och esou éierlech sinn an zouginn, wann et säi war. Fir e Schued reparéiert ze kréien oder an d’Verantwortung gezunn ze ginn, muss ee kënnen den Auteur oder Proprietär vun der Saach, déi engem e Schued gemaach huet, och fannen.

“Bei engem Schued muss een op d’Éierlechkeet vun de Leit vertraue kënnen.”

Et handelt sech hei net ëm een Delikt an dat ass am Fall vun engem Schued och net strofrechtlech relevant. E Schued mellt ee bei senger Assurance an déi maachen déi néideg Investigatiounen. Hei kéime mer op d’Beispill vum Beemchen zeréck. Et muss een deemno net fäerten, e Protokoll ze kréien, huet dësen engem e Schued hannerlooss.

“Et soll ee sech un d’Reegelen halen.”

Bei der Valorlux-Tut ass Eegeverantwortung gefrot. Stellt ee seng Tut virun d’Dier, soll een net just kucken, dass se ganz ass an uerdentlech zougestréckt, bei vill Loft soll ee se och esou fixéieren, dass se net fortfléie kann. De plastiks Offall, soll engem eng Tut dann awer opgefuer sinn, sollt ee beschtefalls och selwer nees asammelen.

Hei ass et nom Motto “et soll jidderee viru senger Dier kieren”.

Back to Top
CIM LOGO