
Wéi d'Bundesinstitut für Bevölkerungsforschung (BIB) zu Wiesbaden e Mëttwoch matgedeelt gëtt, wënsche sech Fraen tëscht 18 an 39 Joer am Schnëtt ronn 1,7 Kanner. Bei de Männer sinn et ronn 1,6 Kanner. Gläichzäiteg läit de Kannerwonsch nach ëmmer däitlech iwwert dem tatsächlechen Taux vun de Gebuerten.
Ee méigleche Grond gesäit de BIB-Rapport an den diverse "Krisenerfarungen an de leschte Joren". Zukunftssuerge wieren ënner jonken Erwuessene wäit verbreet. Besonnesch grouss wier d'Suerg viru Kricher. Méi wéi véier vun zéng Befrote soten deemno, sech dowéinst Suergen ze maachen. Och d'Suerg virun enger méiglecher Schwächung vun der Demokratie hätt zougeholl. Och de Klimawandel a méiglech Wirtschaftskrisen hätten een Afloss.
"Et ass net de feelende Kannerwonsch, deen de Gebuerteréckgang präägt", esou den BIB-Fuerschungsdirekter Martin Bujard. "Villméi féiert d'Nohanneréckelen vun der Familljeplanung dacks zu engem onerfëllte Kannerwonsch." Dogéint bleift d'Virstellung vun der idealer Kannerzuel den Donnéeën no konstant: Männer a Fraen tëscht 18 an 39 Joer fannen am Schnëtt ronn 2,2 Kanner weiderhin ideal.
Nieft Zukunftsängscht spillen och déi regional Liewensbedingungen eng Roll bei der Familljeplanung. Vill vun de Befrote gesinn zum Beispill de Wunnengsmarché, oder och nach feelend Aarbechts- a Verdéngschtméiglechkeeten als kritesch. Dobäi hu Leit ouni Kanner, déi mat hirer Wunn- a Schaffsituatioun op der Plaz zefridde sinn, méi dacks de Wonsch, bannent den nächsten dräi Joer ee Kand ze kréien.
D'Ergebnisser weisen dem BIB no, datt Familljepolitik eleng net duergeet, fir den Ecart tëscht dem Kannerwonsch an der tatsächlecher Zuel u Kanner zouzemaachen. "Wichteg ass och, ob jonk Leit mat Zouversiicht op hir perséinlech a gesellschaftlech Zukunft blécken", esou de Bujard. "Politik, Medien a gesellschaftlech Institutioune prägen esou Zukunftserwaardunge mat."
Den Taux vun de Gebuerten an Däitschland ass fir d'lescht däitlech zeréckgaangen. Am leschte Joer ass si dem Statistesche Bundesamt no op duerchschnëttlech 1,32 Kanner pro Fra erofgaangen - den niddregste Wäert zanter 1997. Zu Lëtzebuerg louch den Taux de naissance fir d'Joer 2025 souguer nach méi niddereg - mat 1,23 Kanner pro Fra gouf och hei am Land een neien Déifstand erreecht.
De Rapport vum BIB baséiert op Donnéeë vum familljendemografesche Panel Freda. Dofir ginn all sechs Méint Erwuessener tëscht 18 a 55 Joer an Däitschland befrot.