Plooschter ProjetJonke Lëtzebuerger gëtt engem klengem Kand mat Stammzelle-Spend nei Hoffnung

Kevin Kayser
E klenge Jong vun zwee Joer brauch eng Stammenzelle-Spend, fir ze iwwerliewen. E jonke Lëtzebuerger huet net gezéckt, him dës ze ginn.
De Sven Tessaro, Papp vun engem klenge Jong, kuerz virum Agrëff, bei deem hie seng Stammzellen spent.
De Sven Tessaro, Papp vun engem klenge Jong, kuerz virum Agrëff, bei deem hie seng Stammzelle spent.
© Sven Tessaro

Mat engem kuerzen Agrëff e Liewe retten. Duerch eng Spend vu Stammzelle kann een dëst maachen. Hei am Land sicht de Plooschter Projet ëmmer nees no weidere Spender, well bei dëser Aart vu Spend spillt d'Genetik vum Spender a vum Empfänger eng wichteg Roll. Wat méi Leit op der Lëscht vu Spender stinn, wat d'Chance fir e Patient méi grouss ass, datt hien eng zweet Chance a sengem Liewe ka kréien.

De Beweis dofir gouf et Enn September, wéi e jonke Lëtzebuerger Familljepapp vu Wäicherdang duerch seng Spend engem grad emol 2 Joer ale Jong aus Däitschland eng zweet Chance a sengem Liewe kéint ginn.

Lëtzebuerger Papp gëtt däitschem Kand eng zweet Chance

De Sven Tessaro schafft an engem Lycée als Hausmeeschter an ass selwer Papp. Viru Joren hat hie sech beim Plooschter Projet als potentielle Stammzellespender ageschriwwen well hien domadder méiglecherweis enges Daags engem d'Liewe rette kéint.

De Plooschter Projet bedeelegt sech am Kampf géint d'Leukemie.
De Plooschter Projet bedeelegt sech am Kampf géint d'Leukemie.
© Plooschter Projet

Viru kuerzem du koum d'Noriicht, datt hien als méigleche Stammzellespender a Fro géif kommen. Ouni ze zécken huet hien deem zougestëmmt. Wie seng Zelle kritt, ass him u sech egal. Dat eenzegt wat fir de Sven Tessaro zielt, ass, datt hien enger Persoun hëllefe kann. Emotional gouf de Papp dunn awer, wéi hie gewuer gouf, datt seng Spend un e Kand geet, dat grad emol zwee Joer al ass. "Mir sinn direkt d'Tréinen an d'Ae geschoss. Ech géif mäi geneteschen Zwilling am léifste fest an d'Äerm huelen an him soen, hie soll säi Liewen a vollen Zich genéissen", gëtt de Sven Tessaro am Schreiwes vum Plooschter Projet zitéiert.

De Papp vun engem klenge Jong wëll mat sengem Asaz an dëser Geschicht och aner Leit dozou motivéieren, fir sech selwer registréieren ze loossen. "Egal wéi grouss d'Angscht virum Entnahmprozess oder souguer virun der Virënnersichung vum Eenzelnen ass – et ass näischt am Verglach zu deem Gefill, ze wëssen, datt een engem anere Mënsch eng zweet Chance ginn huet."

Plooschter Projet: De kompletten Temoignage vum Sven Tessaro

Wéi kann ee sech registréieren?

Wéi Plooschter Projet selwer schreift, kann ee sech op all hiren Evenementer an d'Lëscht, fir Stammzellespender ze ginn, androen. Alternativ kann een och d'Bluttanalyse bei hire Partner vu "Picken Doheem" a "BioneXt" maachen, respektiv an de Laboe vu Ketterthill, Laboratoires Réunies respektiv de Spideeler CHEM an CHL.

Back to Top
CIM LOGO