Projet NeomKéint Dir Iech e Liewen an dëser futuristescher Stad virstellen?

RTL Lëtzebuerg
Eng eenzeg Linn zitt sech iwwert 170 Kilometer. Eng eenzeg verspigelt Stad matten an der Wüüst an nëmmen 200 Meter breet. Dat ass de Projet Neom.
© AFP

Am Nordweste vu Saudi-Arabien wäert se entstoen. Eng futuristesch “Welt”, ouni Auto, ouni Stroossen an zu 100 Prozent mat erneierbarer Energie bedriwwen. Den Zentrum vum Projet ass d’Stad, déi och The Line genannt gëtt. 170 Kilometer ass The Line laang, awer just 200 Meter breet. Op knapp 34 Quadratkilometer sollen awer 9 Millioune Mënschen an Zukunft liewen. Den Auto gëtt vum Héichgeschwindegkeetszuch ersat, deen een an 20 Minutten duerch déi ganz Stad bréngt. D’Stad ass awer och esou geplangt, dass all Ariichtunge fir d’Bewunner a maximal 5 Minutten ze Fouss ze areeche sinn.

Am Oktober 2022 hunn d’Aarbechte vun der futuristescher Stad ugefaangen. Am Joer 2030 soll se da komplett fäerdeg sinn, respektiv de gréissten Deel vun Neom.

Ofgesi vum 170 Kilometer laange Stréch op Landkaart sinn den Ament nach 3 weider Regioune geplangt. Den Deel Trojena läit an de Bierger a gëtt vun der Neom-Company als Reeszil beschriwwen, wat ee sou néierens anescht op der Welt fënnt. An de Summerméint gëtt hei mat Aventure Publicitéit gemaach. De Wanter ass fir Wellness a Wantersport geduecht, wéi um Neom-Site beschriwwe gëtt.

© AFP

Zu Trojena sollen 2029 dann och déi asiatesch Wanterspiller ofgehale ginn.

Wiem d’Stad an d’Bierger dann nach net speziell a exklusiv genuch ass, deem bitt Neom eng nach méi luxuriéis Insel. “Sindalah ass eng 840.000 Quadratmeter grouss Spillplaz fir Luxusreesender”, wéi Neom selwer d’Insel am roude Mier beschreift. Alles op dëser Insel jäizt no Luxus. Luxusyachten, Luxusvillaen a Luxushoteller. Wéi eng Gäscht een hei ulackele wëll, kann ee sech jo denken.

Déi lescht Regioun, Oxagon genannt, steet fir Industrie an Technologie. An der Industrie 4.0 sollen an “futuristesche Fabricken, futuristesch Produiten entwéckelt ginn”.

Eng gréng Stad, wou d’Wuel vu Mënsch an Natur am Zentrum stinn. Um Pabeier respektiv um Internetsite kléngt dat Ganzt jo schéin a gutt. Am Internet gëtt de Megaprojet awer och kritiséiert. An engem Interview mat dem däitsche Medium Deutsche Welle seet d’Fuerscherin an Aktivistin bei European Saudi Organization for Human Rights Duaa Dhainy, dass de Projet schlecht Säiten huet. “Tatsächlech gi Mënschen, déi zënter Generatiounen do liewen, aus hiren Haiser verdriwwen, fir Plaz ze maachen.” Et wier also net alles sou gréng a mënschefrëndlech, wéi de Projet no bausse verkaf gëtt.

Neom léisst sech net vun der Kritik ënnerkréien a sicht weiderhin no Investisseuren. De Prestigeprojet soll ëm déi 500 Milliarden Dollar kaschten.

Wéi ass et mat Iech? Faszinéiert vum Projet Neom oder éischt net?

Back to Top
CIM LOGO