Amerikanesche Fast-Food-GigantKFC mécht weider Restauranten an der Groussregioun op

RTL Lëtzebuerg
Nodeems scho fir den Norde vu Lëtzebuerg zwee KFC-Restauranten annoncéiert goufen, gëtt et elo och weider Expansiounspläng an der Groussregioun.

Zu Lëtzebuerg mécht 2023 e “Kentucky Fried Chicken” zu Maarnech am Centre commercial Nordstrooss den Ufank, méi spéit am Joer soll een zweete KFC am Pommerlach bei Wolz seng Dieren opmaachen.

Och iwwer d’Grenz huet d’Fast-Food-Ketten mam frittéierte Poulet elo en éischte Restaurant an der Regioun Tréier annoncéiert, dat och fir Ufank 2023. Wéi den “Trierischer Volksfreund” mellt, soll de Restaurant op Bitburg un d’Schnellstrooss B51 kommen. Déi Plaz wier ënnert anerem interessant, well se no un der amerikanescher Air Base Spangdahlem ass.

D’Chaîne wëll sech an der Regioun weider ausbreeden. Datt et dann och e KFC zu Tréier oder zu Wittlich kéint ginn, ass also net ausgeschloss.

Back to Top
CIM LOGO