
Nodeems hien no zwee Deeg nach ëmmer net zeréckkomm war, huet seng Fra dunn d’Autoritéiten alarméiert, déi no enger Zäit säi Quad a säin Helm fonnt hunn.
E Sonndeg hu Fëscher dunn eng Rei Haien u Land gezunn an opgeschnidden, woubäi am Mo vun engem vun den Déieren e mënschlechen Aarm mat engem Tattoo louch, deen ouni Zweiwel zum vermësste Mann gehéiere misst.
D’Fëscher hunn doropshin d’Police kontaktéiert, déi den Inhalt vum Mo méi genee ënnersicht huet.