St. Nikolaus am SaarlandKleesercherspost huet schonn eng 27.000 Kannerbréiwer beäntwert

RTL Lëtzebuerg
D'Kleesescherspost am saarlännesche St. Nikolaus huet dëser Deeg vill ze dinn. Eng 27.000 Bréiwer vu Kanner si scho beäntwert ginn.
© dpa/AFP/Patrick Pleul

D’Zuel louch domat méi héich, wéi zur nämmlechter Zäit d’lescht Joer, wéi de Virsëtzende vum Festconseil e Méindeg erkläert huet. Vill Post wier dëst Joer och vun ukrainesche Kanner komm, déi dann och op Ukrainesch beäntwert gouf. Nach bis de 24. Dezember ass d’"Kleesescherspost” op. Bis dohi gi sech nach Dausende Bréiwer erwaart, déi da vun den 42 Fräiwëllege beäntwert ginn.

Am heefegste géife sech d’Kanner vum Kleesche Fridden a wäiss Chrëschtdeeg wënschen, awer och “Gesondheet fir d’Famill, Frënn an all Mënschen” wiere sech dacks gewënscht ginn. Mä net just Kanner hu sech un de Kleeschen adresséiert - eng ganz Rei Studentinnen a Studenten hätte sech gutt Resultater an hire Prüfunge gewënscht.

Wat déi materiell Wënsch ugeet, goung et vu Molstëfter iwwer Rennautoen, Lego a Playstations bis hin zu Schneekegkeete wéi Schockela a Mandarinnen.

Zenter méi wéi 50 Joer gëtt et dës Traditioun am saarlännesche St. Nikolaus. Bis Chrëschtdag 2021 sinn eng 30.700 Bréiwer aus insgesamt 43 Länner era komm. Corona hätt dëst Joer an de Bréiwer vun de Kanner allerdéngs keng grouss Roll méi gespillt.

Back to Top
CIM LOGO