
Wärend engem Match ass e Mann an engem wäissen T-Shirt mat der Opschrëft “Just Stop Oil” op en Dësch gesprongen an huet en orange Pudder iwwert dësen an d’Spill-Kugele geschott. Hie gouf kuerz drop vum Sécherheetspersonal matgeholl. Gläichzäiteg konnt den Arbitter vum Dësch donieft eng weider Aktioun vun enger zweeter Aktivistin verhënneren. D’Dëscher goufe kuerz duerno vum Botzpersonal propper gemaach.
D’Partie tëschent dem Robert Milkins an dem Joe Perry gouf ofgebrach a gëtt en Dënschdeg weidergefouert, déi aner Partie tëschent dem Joe Allen an dem Fan Zhengyi konnt nach um Owend selwer fäerdeg gespillt ginn.
Wéi et vun der Police heescht, goufen “en 30 Joer ale Mann an eng 52 Joer al Fra wéinst dem Verdacht op Saachbeschiedegung festgeholl”. Fir d’Aktioun huet sech d’Organisatioun “Just Stop Oil” als responsabel erkläert a gefuerdert, datt déi brittesch Regierung all neie Projet fir fossil Brennstoffer stoppe soll.