
“Mir haten zanter 15 Joer net méi sou vill Knëppelsteng am Wanter”, sot de fréieren Direkter vum kuwaitesche Wiederdéngscht Mohammed Karam dem Noriichtendéngscht AFP.
Zanter en Dënschdeg si bis zu 63 Millimeter Knëppelsteng am Kuwait gefall. Besonnesch am Süde vum Land waren d’Stroossen deelweis mat Knëppelsteng an Äis bedeckt. Wéi een op Videoen a Fotoen an de sozialen Netzwierker ka gesinn, hate besonnesch Kanner Freed mam seelene Wanterwieder an hu mat de Knëppelsteng gespillt.
Am Kuwait kënnt et am Summer ëmmer nees zu extrem waarmen Temperaturen. Sou och 2016, wou d’Hëtzt bis zu 54 Grad Celsius erreecht huet. Experte fäerten, datt de Kuwait duerch de Klimawandel an Zukunft onbewunnbar kéint ginn.
Mä och an aneren Deeler vun der arabescher Welt koum et zu staarken Nidderschléi. Et huet plazeweis hefteg gereent an et koum zu Iwwerschwemmungen.
A Jordanien hunn honnerten Touristen aus der Fielse-Stad Petra missten evakuéiert ginn.
Am Oman sinn d’Schoulen zoubliwwen.
Zu Mekka a Saudi-Arabien goufen Autoe vun de Waassermassen ewech geschwemmt.