De Phänomen huet bis ronn 21.50 Auer gedauert an et konnt een de Spektakel, vläicht och net an allen Detailer, mä ouni Problem mat bloussen Ae kucken. Mir kruten aus allen Ecker vum Land Fotoe vum Bluttmound vun Iech zougeschéckt, kuckt Iech se an eiser Fotosgalerie un.
Eng Mounddäischtert gëtt et iwwregens nëmme bei Vollmound. Da leie Mound, Äerd a Sonn op enger Linn. Am Mäerz dëst Joer gouf et déi lescht.
Dir hutt flott Fotoe vum Bluttmound gemaach? Da schéckt eis se gären op foto@rtl.lu, mat der Informatioun, vu wou aus Dir d’Fotoe gemaach hutt, a gär och mat der Info, ob Dir se mam Handy oder engem Fotoapparat gemaach hutt.
Seelene Spektakel: Wann de Mound bluddeg rout gëtt (14.3.25)
E Méindeg de Moien ëm 6.12 Auer: Komplett Mounddäischtert iwwer Mëtteleuropa (22.1.19)
Fotoe vun der Däischtert: An de Mound ass ëmmer méi roudelzeg ginn ... (19.10.15)